Luxembourg à Cheval a.s.b.l.
40, rue des Champs
L-7311 Heisdorf

 

mail: tdlcheval@pt.lu

 

Meckel Claudine, Webmaster

Tour de Luxembourg à cheval 2020

22.07.2020

Léif Frëndinnen a Frënn vum Tour de Luxembourg,

 

mir hunn et ons net einfach gemaach, mee leider mussen mir Iech matdeelen dass och onsen Tour vum 15-17. August 2020 dem Coronavirus zum Opfer fält. D'Situatioun ass de Moment ze onsécher fir nach weider ze plangen a méiglecherweis kuerz virdrun trotzdeem mussen ofzesoen.

Fir dass mir awer elo net ee Joer mussen waarden fir ons ze gesinn, war et direkt kloer dass d'"Ofschlossiessen" trotzdeem stattfannen muss, a mir bei der Geleeënheet ons traditionell TdL Erënnerungs-Plaquetten iwwerreechen.

D'Owendiessen bleift wéi geplangt Freides den 21. August (um 19:00 Auer Apero) am Parc Hotel, 120 route d'Echternach, L-1453 Luxembourg.

De vegetareschen Menü kascht 40€ an den aneren 50€. Déi di sech schonn dofir ugemellt haten, bleiwen op der Lëscht a sollen Bescheed soen wann se net méi wëllen Deel huelen.

Déi di zousätzlech op d'Iessen wëlle kommen, si wëllkomm a sollen sech w.e.g. iwwert e-mail umellen.

Wa mir dann den Iwwerbléck hunn, iwwerweist onsen Keessjee André Klein Iech selbstverständlech de Rescht Suen zeréck. Gidd him e puer Wochen bis alles kloer ass a mir d'Ofrechnung gemaach hunn.

Mir géifen ons wënschen Iech all um Päerd fir den Tour de Luxembourg 2021 erëmzegesinn, a mir loossen ons duerch dësen hoffentlech eemolegen "Aussetzer" net ënnerkréien.

De ganze Comité seet Iech Merci, a mir zielen op Ärt Versteesdemech dass mir des Entscheedung hu missen huelen.

Informéiert Iech ab nächster Woch op onser Facebook Säit iwwert onsen "Ersatz-Plang" a maacht mat.

 

Mat léiwe Gréiss a bis geschwënn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

ilona Balogh

Präsidentin

 

 

Zum herunterladen: