Luxembourg à Cheval a.s.b.l.
40, rue des Champs
L-7311 Heisdorf

 

R.C.S.L F320

 

Kontonummer:

BCEELULL

LU72 0019 1600 0122 6000

 

mail: tdlcheval@pt.lu

 

Meckel Claudine, Webmaster

D’Dülmener (Ilona Balogh)

Kaum ee kënnt se hei zu Lëtzebuerg: d’Dülmener Wëllpäerd. Si liewen am “Merfelder Bruch”, 12 km westlech vun der Stat Dülmen. Schonns am Joer 1316 gouf vun dëse Päerd geschwat, eng Rass déi et nëmmen an dësem Bësch an dëser Moorgéigend gëtt. Et sinn em di 350 Päerd, di eenzeg wëll liewend Grupp di et op dem europäesche Kontinent gëtt. Si bewegen sech op engem Terrain vun 400 ha deen dem Herzog von Croy gehéiert, deen dëst alles ënnerhält fir d’Rass virum Ënnergang ze retten. D’Dülmener hun sech iwwert des Rei vu Joeren der Natur ugepasst. Si sin robust, gesond Päerd a stellen keng Uspréch. Déi Géigend wou se liewe steet ënnert Naturschutz an un éischter Plaz steet d´Erhale vun dëser Päerdsrass an dësem villfältege Biotop, deen et méiglech mécht desen Päerdstyp ze prägen. En Hannergedanken ass och hiren ursprénglechen Gen ze erhale, fir eventuell iergendwann eng Kéier déi duerch de Mënsch iwwerziichten Päerdsbestänn duerch seng “Natiirlechkeet” erëm opzebesseren. Hiert Verhalen an hierem natierlechen Ëmfeld ass och e wichtege Beitrag fir d´Forschung, well esou eng Päerdspopulatioun, wie ee se hei am Meerfelder Bruch gesäit an déi vum Mënsch kaum beaflosst gëtt, fënnt e seelen.

 

Nun, wéi gesinn des Päerd aus? D´Mieren, di an dëser Grupp liewe sin kräfteg, vun hellbeige bis schwaarzbrong ass alles vu Faarwe vertrueden (keng Schëmmel). Vill hun der en Aalstrech iwwert de Réck an hir Mähnen si oft zweefaarweg (hell matt donkel gemëscht) wat immens flott ausgesäit. Obschonns se ni gestréilt gi (bei 350 Stéck wier daat och nett einfach), hun se e blénkegt Fell. Se wierken och nett mënscheschei oder ängschtlech - et ass hinne jo och nach näischt Schlechtes widderfuer - also firwat sollte se och? Si ginn awer d´ganzt Joer iwwer vun engem Fieschter kontrolléiert an e Vétérinaire dréit säin Deel dozou bäi dass se all gesond sinn. Lo kommen ech awer zu dem wichtegsten Ereegnes vum Joer - daat eenzegt wat d´Dülmener mat Mënschen zesummebréngt: den “traditionelle Wildpferdefang”. Zu dësem Evenement treffe sech all Joer die lescht Woch am Mee, op dem Samschdeg, em die 10000 Leit am Meerfelder Bruch fir dësem Spektakel nozekucken - a spektakulär ass en! An enger risegrousser Arena an Hufeiseform sëtzen d’Leit a waarden op de grousse Moment. Vun 12:00 Auer un ass Showprogramm: Museken trieden op, Virféierunge gin gemaach matt Hënn, Schof, Mini Shetland Ponys an der Kutsch zu verschiddenen Themen “verkleet”, alles ganz witzeg opgezunn, Quadrillen gin geridde vu lokale Reidveräiner, jee, et gëtt vun allem. Vill Leit hun sech vill Aarbecht gemaach fir dat alles zesummenzesichen a méiglech ze machen. Da gëtt awer och gewise wat d´Dülmener kënnen.

 

Si sin fir all Zort vu Fräizäitreiden gëeegent: fir Bësch, Dressur- an (kleng) Sprangreider, kuerz et ass e Villsäitegkeetspäerd fir wann ee vun allem e bessen well machen. Wonnerschéi sin se an der Kutsch. Doduerch dass se all déiselwecht Gréisst hun passe se ëmmer beieneen a wann d’Faarf och nach déiselwecht ass, ass d´Bild am schéinsten. Um 15:00 Auer ass et dann esou wäit, d´Spannung ass grouss an no der Ukënnegung vum grousse Moment ass et ganz roueg an der Arena a jidderee spëtzt d´Oueren! Bemol héiert een et donneren: honnerte vun Houf doen de feste Buedem vibréieren. Da gesäit ee se: a vollem Galopp komme se op den Agank vun der Arena zou, an enger riseger Stëbswollek, d´Schuddere gin engem aus bei deem Bild. Ongeféier 350 Mieren matt hirem Nowuess, die mathale wie wann dat normal wier. Wann d´Stëbswollek sech geluech huet sti se do a kucke ronderëm. Fillen sichen nach no hire Mammen die se ënnerwee verluer hun. Di erfueren Mieren wëssen em wat et geet. D´Leit kréien Zäit fir desen schéine Moment ze genéisse well gläich geet de Spektakel lass. Em die 30 staark Männer aus der Ëmgéigend machen all Joers fräiwëlleg mat fir sech vill blo Platzen an aner Verletzungen anzefänken. 6-10 Päerd gin gesënnert, an da gëtt gekuckt ob en Hengscht vum Joer virdrun dobäi ass. Dee gëtt da matt der Hand agefaangen. Dëst kléngt einfach, vergiesst nett dass et Wellpäerd si - daat mierkt ee spéitstens wann d´Borschte versichen zu dräi desen jonken Hengscht vun der Grupp ze trennen. D´Päerd ass en Herdendéier an esou séier kritt een deen nett do eraus! D´Mieren ëmkreesen den ausgewieltenen an dee klengen Hengscht wiert sech: d´Been fléien héich no hannen, no fir, de Kapp ass och ganz geféierlech, a wann d´Jongen nett de richtege Moment op d´Säit sprange gin se gewuer wéi wéi esou e klengen Houf kann doen. Eng an d´Gesiicht, an d´Rëppen, an de Knéi, dëst Joer wor vun allem dobäi - mee daat gehéiert dozou. Die Kléng wiere sech esou gudd et geet, mee normalerweis gewënnt an dësem Fall den Zweebeener - si sin jo och zu méi! De klengen Hengscht muss dru gleewen a gëtt säitlech op de Buedem geluecht.

 

Zu 5 leie se op him fir dass hie roueg bleift währenddem hien den éischte Kontakt matt engem Halfter ze spiere kritt. Dann dierf hien erëm opstoen. Mee wann der mengt daat wier et, dann hudd der iech gëiert. Elo geet de Véier- mam Zweebeener duch d´Arena spazéieren an den Hengscht huet de längeren Otem. Mee d´Jonge loossen d´Seel awer och nett lass. Op de Fieschten, um Hënner, um Réck oder Bauch gin se mol wéi laang vum Hengscht nogezunn an d´Publikum huet gudd Laache wann en aneren de Misère huet! Iergendwann, wann d´Leit sech op deen nächste Kandidat konzentréiert hun, huet de Mann et geschafft mam eejäeregen do unzekomme wou hie wëllt an do kritt d´Fillen da säi Brandzeechen opgedréckt. An der Arena ass e Gatter ofgetrennt. Do kommen d´Mieren matt den neie Fillen dra wa se gesënnert gi si. Munch eeler Mieren stelle sech einfach schonns direkt bei d´Gatter well se wëssen dass hinnen näischt geschitt, a si wëllen direkt era fir hier Rou ze hun. 35 eejäereg Hengschte woren et dëst Joer, iwwert 2 Stonnen huet de Spektakel gedauert. Leider hun 2 vun de Borschte misse matt der Ambulanz an d´Klinik an anerer hun d´Eisbeidelen, di an enger Killtäsch bereet leien, opgebraucht fir d´Volltreffer ofzekillen. Naja, wéi seet e Kolleg “e bessen Verloscht ass ëmmer” a mir hoffe si hun sech all erëm gudd vum Schock erholl - Zwee- a Véierbeener. Ah jo, wat matt de Fillen geschitt? Ma si gi nom Spektakel un de Meeschtbiddenden versteet.

 

Avis aux amateurs…

Méi Informatiounen: www.wildpferde.de

Ilona BALOGH

(Broschüre 40e Tour de Luxembourg 2006)